D'Schoul Steebrécken gëtt eng Schreifmotorikschoul

Eis Schoul geet e wichtege Schratt a Richtung individuell Fërderung: D’Steebréckener Schoul gëtt offiziell eng Schreifmotorikschoul!
Vun elo un hu mir d’Méiglechkeet, d’Kanner nach méi gezielt an a spillerescher Form an hirer feinmotorescher Entwécklung ze ënnerstëtzen. Vill Léierpersoune vum Cycle 1-3 hunn un enger spezialiséierter Formatioun deelgeholl, fir mat neie Kompetenzen a Materialien d’Kanner an hirem Schreifprozess ze begleeden. Dës Formatioun gouf vum CDM ugebueden.
Mat dëser Approche wëlle mir d'Schreiffäegkeete staark fërderen – op eng motivéierend, praktesch a kreativ Manéier.
Mir freeën eis op dës nei Erausfuerderung a schaffe mat Freed un der motorescher Entwécklung vun eise SchülerInnen!