D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
www.monnerecher-schoulen.lu: Home > Elteren
Du bass hei: Home > Elteren
spacer pixel spacer pixel

Déi wichtest Changementer duerch dat neit Schoulgesetz


d’Cyclen
Vun 2009-2010 un, get den Précoce d’Spillschoul an d’Primärschoul zesummen „Enseignement fondamental“ genannt. Et gin vun elo un 4 Cyclen:
1. Cycle: Précoce an Spillschoul (3 Joer)
2. Cycle: 1. an 2. Schouljoer (2 Joer)
3. Cycle: 3. An 4. Schouljoet (2 Joer)
4. Cycle: 5. an 6. Schouljoer (2 Joer)

d’Kompetenzen
Léieren mat Kompetenzen get no an no agefouert.
Kompetenz = Wëssen an dëst Wëssen gebrauchen kënnen.

d’Bewertung
Vun 2009-2010 un, kritt all Schüler vum 1. an 2. Cycle en Dossier mat den Dokumenter, déi déi verschidden Kompetenzen certiféieren an déi éventuel néideg Efforten. Zum Schluss vun jidder engem vun deenen Cyclen get e Bilan erstallt an deem Kompetenzen beschengescht gin an festgehalen get op d’Kand déi néideg Kompetenzen beherrscht fir an den nexten Cycle ze kommen.
Fir 2009-2010 behält den 3. an 4. Cycle seng blo Zensuren, 2010-2011 nach just den 4. Cycle.
D’Schüler vum 2. An 3. Cycle kréien zum Schluss vun all Trimester en Zweschenbilan, ouni Punkten, mat dem errechten Niveau an deenen verschiddenen Kompetenzen.

d’pedagogesch Equip
Et get eng pedagogesch Equip fir all Cycle an si besteet aus all deenen, déi d’Schüler aus deem Cycle betréien.

den ‚plan de réussite scolaire’
All Schoul erstellt een ‚plan de réussite scolaire’, an deem Objectiver festgehalen ginn, déi dës Schoul sech setzt fir d’Kanner zum Erfolleg ze féieren. Dësen Plang get am Partenariat mat allen Memberen vun der Schoulgemeinschaft discutéiert.

de Schoulcomité
Den Schoulcomité huet als Missioun eng Schoulorganisatioun ze proposéieren, den ‚plan de réussite scolaire’ ze erschaffen, d’Wiel vum Schoulmaterial gudd ze heeschen an mat den Elteren zesummen ze schaffen. Am Hierscht wielen all d’Elteren Eltere-Vertrieder, déi dann mat dem Schoulcomité während 2 Joer sech 3 mol am Joer concertéieren an iwwert folgend Themen diskutéieren: Schoulbudget, Schoulorganisatioun an den Plan de réussite; vun deenen Eltere-Vertrieder gin der 2 désignéiert fir mat an der Schoulcommissioun ze schaffen.

d’multi-professionnelle Equip
An all Schoul gët ët eng multi-professionnelle Equip, déi sech aus Spezialisten (Psychomotriciens, Pédagogen, Psychologen …) déi hëllefen, déi Kanner en charge ze huelen, déi spezifesch Bedürfnisser hunn.

Quell: Edunews, Abrëll 2009

D’Roll vun den Elteren an der Schoul nom neien Schoulgesetz


A m neien Schoulgesetz get et e ganzt Kapitel iwwert den Partenariat; d.h. d’Roll vun den Elteren an der Schoul. Dësen Kontakt mat den Elteren get an 3 Niveauen opgedeelt:

Um Niveau vun der Klass:
Am Gesetz as festgehalen gin dat d‘Objektiver vum Cyclus an d‘Modalitéiten vun der Evaluation erklärt a besprach gin.
Desweideren sollen d’Elteren iwwert de Progrès vun hirem Kand individuell informéiert gin.
D’Elteren sollen eng besser Iwwersiicht kréien vun deem waat hirt Kand schon kann an waat nach bis den Schluss vum Cycle un Kompetenzen ze léieren bleiwt.
Nei as och, dat am Gesetz steet, dat d’Elteren d‘Pflicht hunn fir un dësen Gespréicher deelzehuelen.

Um Niveau vun der Schoul:
All Elteren deenen hir Kanner an der Gemeng an d’Schoul gin, kënnen hir Candidature stellen fir als Elterevertrieder an enger Assemblée am Oktober fir 2 Joer gewielt ze gin.
Dës Elterevertrieder treffen sech mindestens 3 Mol am Joer mat dem Comité de l’école. Si sollen mat dem Comité de l’école iwwert Schoulorganisatioun, Schoulbudget an de Plan de réussite diskutéieren.
Dat heescht dat Enseignanten mat den Elteren iwwert d’Schoulentwecklung an Qualitéit vun der Schoul diskutéieren, mat deem Zil eisen Kanner eng Schoul ze bidden déi den Usprech vun der Gesellschaft ëmmer besser entsprecht.
En plus sin mindestens 2 vun deenen gewielten Elterevertrieder mat an der Schoulkommissioun.
Et as wichteg dat all Eltern, Papp a Mamm wielen gin an dat Elteren sech opsetzen fir sech wielen ze loossen. Fir méi Informationen kennt dir uruffen oder E-mail un d’EVM schécken.

Um nationalen Niveau:
Gesetz erkennt den nationalen Dachverband vun den lokalen Elterevereenegungen (FAPEL) un an huet eng Vertriedung an der nationaler Schoulkommissioun.


Et as net d‘Schoul déi d’Eltere braucht, mee eis Kanner kënnen nëmmen vun engem Dialog vun hiren Enseignanten mat hiren Elteren profitéieren.
Dësen Dialog soll derzou féieren dat een deen aneren besser versteht an esou éventuell Konflikter besser kënnen geléist gin. Eis Kanner soen eis MERCI.

home | sitemap | print version | feedback and bug reports | about
last site update: 03/09/2010 @ 07:23:48 | visitors: 135464

olefa_transparent

Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Mondercange