D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
www.monnerecher-schoulen.lu: Home > News
Du bass hei: Home > News
spacer pixel spacer pixel

All News aus de monnerecher Schoulen



10 vun 99 Elementer ginn op der Säit 1 vun 10 ugewisen ( éischt | zréck | nächst | läscht )

imagespacer pixel

Ouverture de la bibliothèque scolaire à Mondercange pendant les vacances d'été

(11. Juli 2010)
La bibliothèque scolaire à Mondercange est ouverte:

vendredi, le 23 juillet de 14h30 à 16h30
jeudi, le 29 juillet de 9h00 à 11h00

jeudi, le 2 septembre de 14h30 à 16h30
mercredi, le 8 septembre de 9h00 à 11h00

D'Schoulbibliothéik zu Monnerech ass op:

freides, den 23. Juli vun 14h30 bis 16h30
donneschdes, den 29. Juli vun 9h00 bis 11h00

donneschdes, den 2. September vun 14h30 bis 16h30
mëttwochs, den 8. September vun 9h00 bis 11h00

image Bicher_online_bestellen_/online_bestellen.pdf (0 kb)


imagespacer pixel

Bastelprojet COHABIT-Klass a Cycle 2.2. vum Patty Rotondo/Nathalie Dondelinger

(08. Juli 2010)
Am 1. Trimester hu mär eis 4 Woche laang am Bastelsall gesinn, fir zesummen eise Projet ze realiséieren: Aus Ytong e Profil vu sech selwer man. Do huet een natierlech e Partner als Hëllef gebraucht. Dofir hu mär di zwou Klassen gemëscht an op dës Art a Weis hunn eis Kanner sech besser kennegeléiert. An enger ongezwongener Atmosphär konnten si mateneen schaffen an dem aneren seng Spezifizitéiten erfueren an akzeptéiere léieren. Fir dass d'Käpp och fest stoe bleiwen, goufen si op hëlze Soclen montéiert. Esou huet all Kand e flotte Souvenir vun dëser interessanter Zesummenaarbecht.
Fotoen


imagespacer pixel

Kee Schoulfest zu Steebrécken/ Pas de fête scolaire à Pontpierre

(24. Juni 2010)
Mir hunn eis dëst Joer laang iwwerluecht ob mär e Schoulfest zu Steebrécken organiséieren oder net. Sou wéi sech de Schantjen op eiser Dier entwéckelt huet, loosse mär aus Plaz- a Sécherheetsgrënn 2010 eist Schoulfest ausfalen.
Awer...!
D'Equipe Pédagogique vun all Cycle versicht an der leschter Schoulwoch fir hiren Cycle eng flott Ofschloss-Aktivitéit ze fannen.

Après maintes réflexions, nous avons décidé d'annuler notre fête scolaire traditionnelle. Vu l'évolution du chantier, il y a trop de risques pour les enfants, la cour de récréation n'étant pas disponible.
Mais...!
Chaque équipe pédagogique organisera pendant la dernière semaine scolaire une activité surprise pour son cycle respectif.



imagespacer pixel

Fruit for school

(18. Juni 2010)
Toutes les écoles de la commune de Mondercange participeront pendant l'année scolaire 2010/2011 à l'action "fruit for school". Il s'agit d'un programme de distribution de fruits et de légumes à l'école dans plusieurs pays européens ayant pour but d'accroître durablement la consommation de fruits et de légumes chez les enfants. Chaque enfant recevra une fois par semaine une portion de fruits ou de légumes pour manger pendant la récréation. Vous trouverez plus de détails au sujet de ce programme sur le site suivant:

fruit 4 school


imagespacer pixel

Cycle 3 vu Monnerech: Sketch- a Lidderowend zum Thema Déieren

(17. Juni 2010)
En Donneschdeg, den 17. Juni um 19:00 Auer am Centre Arthur Thinnes hunn d'Monnerecher Schoulkanner aus dem Cycle 3 fir hir Eltere Sketcher a Lidder zum Thema Déieren gespillt a gesongen.
Fotoen vum Owend


imagespacer pixel

Liesung mam Renée Weber fir de Cycle 1 an 2

(11. Juni 2010)
Den 11. Juni kënnt déi lëtzebuergesch Autorin Renée Weber op Monnerech fir de Kanner aus dem Cycle 1 an 2 aus hire Bicher virzeliesen an z'erzielen. D'Renée Weber huet eng Rei Kannerbicher geschriwwen an illustréiert. Fir hiert Buch "Dem klenge Felix seng grouss Rees" krut si 2009 de Lëtzebuerger Buchpräis an der Kategorie Kannerbicher.
Moies sinn 2 Liesungen an der Schoulbibliothéik fir d'Kanner aus dem Cycle 2 (1. an 2. Schouljoer). Mëttes sinn 2 Liesungen am Gebai vun der Spillschoul fir d'Kanner aus dem Cycle 1 (précoce a préscolaire)
Bicher vum Renée Weber
Fotoë vun der Liesung


imagespacer pixel

Maison néolithique de Blaschette

(04. Juni 2010)
En Freideg, den 4. Juni huet eng Klass aus dem Cycle 4 en Ausfluch an d'Haus vun der Steinzeit gemaach. De ganzen Dag iwer hunn d'Kanner do geléiert, wéi ons Virfahren geliewt hunn.
Steinzeithaus


imagespacer pixel

Stonnelaf géint AIDS 2010

(21. Mee 2010)
En Freideg, den 21. Mee hunn verschidden Klassen vun Monnerech an vun Steebrécken um AIDSlaf am LTMA Lamadelaine Deel geholl.
AIDSlaf 2010


imagespacer pixel

Bicher online bestellen

(13. Mee 2010)
D'Kanner an d'Enseignanten kënnen d'Bicher an d'Audio-CDen aus der Monnerecher Schoulbibliothéik och online bestellen.
Les élèves et les enseignants de l'école fondamentale de Mondercange ont la possibilité de commander des livres et des CD audio de la bibliothèque scolaire de Mondercange directement en ligne.
image Bicher_online_bestellen_/online_bestellen.pdf (0 kb)


imagespacer pixel

Virlies-Concours

(13. Mee 2010)
Déi 4 Klassen aus dem Cycle 4 vu Monnerech maache mat beim Virlies-Concours, dee vum Ministère de l'Éducation nationale et de la Formation professionnelle organiséiert gëtt. Aus all Klass ass dee beschte Virlieser oder déi beschte Virlieserin ermëttelt ginn. Dat waren: d'Emma Steinmetz (Klass Boever), de Yanis Schmit (Klass Schaack), d'Claire-Sophie Pleimelding (Klass Kerger) an d'Tiffany Dhur (Klass Pepin). D'Tiffany Dhur huet gewonnen a geet fir Monnerech de 24. Juni an d'Finale op Maarnech an de Cube 521.
Virlies-Concours



10 vun 99 Elementer ginn op der Säit 1 vun 10 ugewisen ( éischt | zréck | nächst | läscht )

home | sitemap | print version | feedback and bug reports | about
last site update: 07/09/2010 @ 14:23:14 | visitors: 135829

olefa_transparent

Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Mondercange