D'Ënnerstëtzung fir Aere Browser gët no a no ofgebaut.
Fir all d'Funktioune vun dëser Websäit optimal notzen ze kënnen, recommandéiert EducDesign Iech déi aktuellste Versioun vun dëse Browser ze benotzen.

FireFox Chrome Internet Explorer
Close
Home > wiki > JOURNEE_PEDAGOGIQUE > index
Du bass hei: Home > wiki > JOURNEE_PEDAGOGIQUE > index
spacer pixel spacer pixel


Paad: http://www.monnerecher-schoulen.lu/resources/wiki/JOURNEE_PEDAGOGIQUE/index.shtml

Journée pédagogique, Donneschdeg den 29. Januar 2009



imageOffizielt Dokument vum MENFP zum neie Schoulgesetz fir erofzelueden

Zu Verfügung gestallt vum Robi Brachmond vum Unterrechtsministär
> download '5759Loi_organisation__fondamental.pdf' [ 182 kb ]
imagePresentatioun aus dem Atelier zum Projet Co

Zu Verfügung gestallt vum Annette Tremuth, Nathalie Reif a Fern Tremuth
> download 'projetCo_pres.ppt' [ 631 kb ]

image
Schoulentwécklung
Schoulverännerung
Atelieren

1 - Sall 0.4 (RdCh)
Bewegungsförderung a Motorik beim Schreiwen

Inhalt vum Atelier: Bewegung - Wahrnehmung - Schrëft - eng Eenheet? Motoresch und sensoresch Prozesser als Viraussetzung fir d'Schreiweleieren.
Méi Informatiounen um Internet: Marc Wantz

Intervenanten: Marc Wantz (Uni Lëtzebuerg) a Cornelle Dieschburg (Réiser-Berchem)
Geduecht fir: Précoce | Préscolaire | Ënnergrad
Cycle 1 | Cycle 2 | Cycle 3

2 - Sall 1.7 (1. Stack)
Zesummeschaffen am Cycle 3 / Mëttelgrad
Ënnerwee an eng verdéifte Kooperatioun zwëschend zwou Klassen
Inhalt vum Atelier: Wéi si mir vun der Ausgangssituatioun - zwou Klassen niewendeneen - zu enger méi enker Zesummenarbecht komm.
Wéi gesäit bei eis den differenzéierten Unterrecht, d'eegestännegt Schaffen an d'Kooperatioun zwëschend den Enseignanten aus?
Wat waren eis Virerfahrungen a Visiounen virum September 2008, an a wéi eng Richtung si mir amgang eis ze bewegen.
Intervenanten: Mélanie Buchette, Alain Raoul Jung (Réiser-Crauthem)
Geduecht fir: Ënnergrad | Mëttelgrad | Uewergrad
Cycle 2 | Cycle 3 | Cycle 4

3 - Sall 0.1 (RdCh)
Organisatioun vun engem Léierzentrum, Centre d'apprentissage
Inhalt vum Atelier: Vun der Klass Orthopédagogique bis zum Centre d'apprentissage an der Classe d'accueil.
D'Méiglechkeeten vun engem ganzheetleche Schaffen an engem Centre d'apprentissage.
Zesummenarbecht mat der Classe d'attache.
Intervenanten: Josette Schütz, Sylvie Conrady (Réiser-Crauthem)
Geduecht fir: Centre d'apprentissage | Appui

4 - Sall 1.1 (1. Stack)
Problemléisend Virgehensweis an der Mathematik
Inhalt vum Atelier: Haut ass et schons wäit verbreet, dat d'Kanner an de Sciencen oder an de Sproochen, Projete machen, fräi Texter schreiwen asw. an sech doriwwer och Konzepter vu Rechtschreiwung a Grammatik uneegenen. Wéi gesäit et allerdéngs an der Mathematik aus? Am Atelier get presentéiert wéi d'Kanner an der Interaktioun an am Dialog mathematesch Froen ugin, an sech op hier Manéier Kenntnisser unegenen an austauschen. Zu wat fir engen Erkenntnisser kommen d'Kanner? Wéi gesäit an esou enger Schaffweis d'Roll vum Enseignant aus?
Intervenant: Joël Mischaux (Diddeleng-Deich)
Geduecht fir: Mëttelgrad | Uewergrad
Cycle 3 | Cycle 4

5
- Sall 1.2 (1. Stack)
Ecole en Mouvement, e Modell fir kompetenzorientéiert Evaluatioun
Inhalt vum Atelier: Eischt Erfahrungen aus dem Projet.
Méi Informatiounen um Internet: Ecole en mouvement

Intervenanten: Jutta Bayer (4. Schouljoer - Schoul Nelly Stein - Schëffleng)
Geduecht fir: Ënnergrad | Mëttelgrad | Uewergrad
Cycle 2 | Cycle 3 | Cycle 4

6 - Sall 1.7 (1. Stack)
Zesummenarbecht am Cycle 4 / Uewergrad, a kompetenzorientéiert Evaluatioun
Erfahrungen am Arrondissement vum Inspekter Guy Masselter
Intervenanten: Nicole Neu a Jacques Kass (Harel), Christian Lamy (Accompagnateur a Formateur)
Geduecht fir: Mëttelgrad | Uewergrad |
Cycle 2 | Cycle 3 | Cycle 4

- Sall 1.2 (1. Stack)
Verännert Schoulpraxis am Cycle inférieur vum Secondaire technique:
Zielsetzungen an Erfahrungen vum Pilot Projet PROCI -  Objectif réussite

Méi Informatiounen um Internet: Rapport d'évaluation - Zesummefaassung | Rapport d'évaluation als PDF
Intervenanten: Chantal Serres
Geduecht fir: Mëttelgrad | Uewergrad | Appui | Centre d'apprentissage
Cycle 3 | Cycle 4

8 - Konferenz (1. Stack)
Projet Co - Koopératioun-Kommunikatioun.
E Projet vu Wäiswampech -  Praxiserfahrung aus engem Schoulentwécklungsprojet
Inhalt vum Atelier: Aféieren an d’Theorie. Virstelle vum « Projet Co », eisem Schoulentwécklungs-Projekt zënter 2002 bis haut a mar. Praktescht Ausprobéieren vum Schaffen a Kooperatioun, sou wéi et och mat de Kanner an der Schoul ka praktizéiert ginn.
Méi Informatiounen um Internet: schull-wampich.lu

Intervenanten: Nathalie Reiff, Annette Tremuth, Fernand Tremuth (Wäiswampech)
Geduecht fir: Précoce | Préscolaire | Ënnergrad | Mëttelgrad | Uewergrad | Appui | Centre d'apprentissage
Cycle 1 | Cycle 2 | Cycle 3 | Cycle 4

9 - Sall 1.3 (1. Stack)
Burnout a Konflikter an der Schoul
Synchronizing: En erproufte Modell fir e gesonden Ëmgang mat sech selwer, mat aneren, oder an der Grupp
Inhalt vum Atelier: Virstellung vum Synchronizing®-Modell. Presentatioun vun der Uwendung am Fall vum Individual-Coaching, Gruppe-Coaching, an der Konfliktsituatioun (Mat Eltere, Kanner, Arbechtskollegen), an der Teambildungsphase.
Méi Informatiounen um Internet: synchronizing.lu

Intervenant: Frank Trierweiler
Geduecht fir: Précoce | Préscolaire | Ënnergrad | Mëttelgrad | Uewergrad | Appui | Centre d'apprentissage
Cycle 1 | Cycle 2 | Cycle 3 | Cycle 4

10 - Sall 0.1 (RdCh)
Méisproochegkeet an der Schoul - Ecole multilingue
Inhalt vum Atelier: Wéi ka Méisproochegkeet, an am wäiteste Sënn Ënnerschiddlechkeet vun de Kanner, als Ressource erkannt an agesat gin, fir méi lieweg an intensiv ze léieren. D'Sylvie Elecheroth huet de Projet geleet. D'Tessy Lucas huet en am 4. Schouljoer duerchgefouert.
Sie presentéieren zesummen d'Détailer vum Projet: Zieler, Planung, déi verschidden Etappen vun der Duerchféierung, 'Wierkung' bei de Kanner, Erfahrungen vun der Enseignante, Réckmeldung vun den Elteren …

Intervenanten: Sylvie Elcheroth, Tessy Lucas
Geduecht fir: Précoce | Préscolaire | Ënnergrad | Mëttelgrad | Uewergrad | Appui | Centre d'apprentissage
Cycle 1 | Cycle 2 | Cycle 3 | Cycle 4

11 - Sall 1.1 (1. Stack)
Projet Gewaltpreventioun zu Bascharage, als Beispiel fir Schulprojektmanagement, an als Astëmmung op eise Schoulprojet an der Gemeng Monnerech
Inhalt vum Atelier: De Projet deen zu Bascharage duerchgefouert gin ass, get presentéiert an déi verschidden Beräicher virgestallt an diskutéiert, déi zu engem Schoulprojektmanagement gehéieren. De Schoulentwécklungsprojet "E Modell fir eis Schoul", deen an der Gemeng Monnerech ugeduecht gouf an elo weidergefouert soll gin, get vum Ronny Rommes begleet. Domat bid den Atelier och eng flott Geleenheet, fir sech iwwert d'Virstellungen vun der Zesummenaarbecht auszetauschen, bzw. op de Projet vun der Schoul anzegoen.
Intervenant: Ronny Rommes (Bascharage)
Geduecht fir: Précoce | Préscolaire | Ënnergrad | Mëttelgrad | Uewergrad | Appui | Centre d'apprentissage
Cycle 1 | Cycle 2 | Cycle 3 | Cycle 4

12 - Konferenz (1. Stack)
Dat neit Schoulgesetz an séng Auswierkungen op d'Schoulpraxis
Inhalt: Presentatioun an Diskussioun
Intervenant: Patrick Arendt
Geduecht fir: Précoce | Préscolaire | Ënnergrad | Mëttelgrad | Uewergrad | Appui | Centre d'apprentissage
Cycle 1 | Cycle 2 | Cycle 3 | Cycle 4






Als läscht geännert vum pino@admin ( 15/02/2009 @ 20:25:07 )
11618 Visiteuren an desem Projet säit dem 12/03/2007, 11390 Visiteuren op dëser Säit säit dem 12/03/2007
[ www.monnerecher-schoulen.lu | wiki | JOURNEE_PEDAGOGIQUE | Feedback | drécken | mailen | veränneren ]

home | sitemap | print version | feedback and bug reports | about
last site update: 03/09/2010 @ 07:23:48 | visitors: 135461

olefa_transparent

Tout contenu © 2010 Ecoles et Administration Communale de Mondercange